Wat kann e sech wënschen?
e materielle Wonsch
däin Idol treffen
en Event besichen
en Ausflug
Hellëfsmëttel
oder soss eppes
Wien kënnt a Fro?
Keng Alterslimit
Du liews haaptsächlech zu Lëtzebuerg
Du hues e Schicksalsschlag
Erfëllte Wënsch
Nasulina
Et gëtt näischt méi Schéines wéi e gudde Frëndeskrees! Schonn d‘lescht Joer goufe mir vun enger Fra kontaktéiert, déi eis vun engem Wonsch erzielt huet. Dobäi geet et net em hiren eegenen mee em deen vun hirer gudder Frëndin dem Nasulina. Zanter enger Zäitchen ass...
Amy
D’Famill Marques huet sech bei eis gemellt an eis em eng Ënnerstëtzung fir hiert Meedchen Amy gefrot. D’Amy huet leider säit senger Gebuert mat enger ganz schwéierer Behënnerung ze kämpfen. Dëst ass fir d’Amy a seng Famill am Alldag oft eng ganz schwiereg...
Angelo
Duerch säin Autismus huet den Angelo eng grouss Passioun fir bekannt Persounen entwéckelt a konnt sech a sengem Liewe scho mat ville Staren knippse loossen. Mat Hëllëf vun eise Kontakter war et eis méiglech am Kader vum Münchner Oktoberfest vun der perfekter...
CDM
Mir sinn vum Centre pour le développement moteur kontaktéiert ginn a goufen em Ennerstëtzung gefrot. Well si schonn an der Vergaangenheet ganz vill positiv Erfarunge beim Leederwon zu Betzder sammele konnten, wollte si mat engem neie Grupp vu 6 Kanner vun dëse...
Delfintherapie
No ganz gudde Fortschrëtter bei hiren éischten Erfarungen mat enger Delfintherapie hu mir d’Lara an d’Ines eng weider Kéier ënnerstëtzt fir un esou enger Therapie deel ze huelen. Déi Zwee konnten och des Kéier souwäit et méiglech war vun hirer Chance profitéieren an...
Viviane
Bestuet ginn, eng Hochzäit feieren an e schéinen Dag erliewen! Fir déi meescht Fraen geet dëse Wonsch iergendwann an Erfëllung, mee leider net fir alleguer. Esou deelt och d’Viviane dëst Schicksal an hat huet duerch seng kognitiv Aschränkung...
Max Vëlo
De Max huet vu Gebuert un eng schwéier Behënnerung déi him leider vill Aktiviteiten net erlaaben ze maachen. Dozou gehéiert och senger Famill hir Lieblingsbeschäftegung, en Tour mam Velo ze maachen. Vun dohir huet d’Famill sech gewënscht de Max an Zukunft trotz senger...
Lara Trapelift
Trappen erop an erof, fir vill Läit an eiser Gesellschaft ass dat net selbstverständlech! Esou och fir d’Lara dat duerch seng Behënnerung Doheem immens ageschränkt ass a geet et awer dach esou gär mat sengem Papa an de Keller bastelen. Bis virun enger Zäit war dat kee...
Phantasialand
D’Equipe pédagogique aus enger Betreit Wunnen Struktur wollt hirem ganze Grupp Jugendlecher emol eng kleng Ofwiesslung bidden a mat hinnen e klengen Ausflug an d’Phantasialand ennerhuelen. Well si awer finanziell limitéiert sinn an esou Fräizäit Excursiounen leider...
Ben
E Gravity Chair fir de BenDe klenge Ben huet a sengem Liewen schon esou munches hannert sech. Hien ass schonn op d’Welt komm mat enger ganz schwéierer Behënnerung an elo virun enger Zäit ass och nach eng schlëmm Krankheet dobäi komm. Seng Elteren hunn eis kontaktéiert...
Togo
Wann ee mateneen schaft dann ass villes méiglech! Dëst Motto hu mir eis bei engem vun eise leschte Projeten zu Häerz geholl a konnten e schéine Wonsch realiséieren. Zesumme mat enger Assistante sociale aus dem CHL an der Wonschkutsch asbl hu mir enger Patientin hiren...
LUkraine
Och mir wollten d’Läit an der Ukrain an hirer schlëmmer Situatioun net eleng loossen an hinnen an hirer Nout hëllefen. Duerch Kontakter goufe mir gewuer dass d’LUkraine asbl e Projet geplangt huet fir 4 Ambulanzen an d’Ukrain ze schécken awer dobäi nach e bëssen...
Kontakt
Wann Dir mat eis Kontakt wëllt ophuelen, da kënnt Dir eis uruffen oder hei schreiwen. Mir beäntweren Iech gär all är weider Froen. Sidd Dir eventuell interesséiert eis bei eisen Aktiounen oder Evenementer ze hëllefen, da kënnt Dir eis och einfach hei schreiwen. Mir sinn ëmmer bereet, mat anere Leit zesummen ze schaffen a freeën eis op Äre Message.
* Impressum & Dateschutz