Ben

E Gravity Chair fir de Ben

De klenge Ben huet a sengem Liewen schon esou munches hannert sech. Hien ass schonn op d’Welt komm mat enger ganz schwéierer Behënnerung an elo virun enger Zäit ass och nach eng schlëmm Krankheet dobäi komm. Seng Elteren hunn eis kontaktéiert well si sech a besonnesch hire Bouf wollten e bëssen am Alldag entlaaschten.

Dofir hu si sech vir hirem Jong säi Komfort a Wuelbefannen ze steigeren e Gravity Chair vun eis gewënscht.

Mat grousser Freed hu mir dëser jonker Famill natierlech gär gehollef an hunn de Ben mat sengem neie Lieblingsstull iwwerrascht!

E ganz grousse Merci u jiddereen dobaussen!