LUkraine

Och mir wollten d’Läit an der Ukrain an hirer schlëmmer Situatioun net eleng loossen an hinnen an hirer Nout hëllefen. Duerch Kontakter goufe mir gewuer dass d’LUkraine asbl e Projet geplangt huet fir 4 Ambulanzen an d’Ukrain ze schécken awer dobäi nach e bëssen Ënnerstëtzung brauch fir hire Plang ze verwierklechen.

Mir als Wonschstär hunn eis dou natierlech net zweemol biede gelooss an hunn der LUkraine asbl e finanzielle Support ginn fir esou eng Ambulanz op d’Plaz, wou se dréngend gebraucht gëtt, ze schécken.

Bei dëser Aktioun geet e ganz spezielle Merci un d’Cavalcade Réimech fir hiren Don an un d’Kënschtlerin Juliette Haag, déi eis mat dem Erléis aus hirer Aktioun « Konscht fir de Fridden » ënnerstëtzt huet.