Elian a Johan

Och kleng Wënsch sinn dawaert erfëllt ze ginn!

Den Elian a säi Brudder de Johan hunn zesumme mat hirer Famill hir Heemecht Kolumbien misse verloossen an hunn de Statut vum Réfugié.

Déi zwee Jongen hu schonn a jonke Joere gréisser Problemer mat hiren Aen an den Elian huet um Wee op Lëtzebuerg säi Brëll verluer.

Mir waren natirlech direkt bereet hinnen eis Hëllef unzebidden an hunn eis mam Elian a Johan op de Wee bei den Optiker gemaach. Si goufen immens gutt empfaangen an hir Aen goufen op der Plaz getest. Den Elian (-3) brauch e spezielle Brëll fir d’Korrektur vu sengen Aen. No e puer Tester konnt hien sech e flotte Brëll eraus sichen, dee seng Aeproblemer korrigéiert.

Och säi Brudder de Johan (-1,7) huet sech schonn e passende Brëll ausgesicht, deen hie wäert kréien nodeems hien bei den Aendokter war.

Mir si frou dass dat alles esou gutt geklappt huet a soe jidderengem Merci fir d’Ënnerstëtzung.