Max Vëlo

De Max huet vu Gebuert un eng schwéier Behënnerung déi him leider vill Aktiviteiten net erlaaben ze maachen. Dozou gehéiert och senger Famill hir Lieblingsbeschäftegung, en Tour mam Velo ze maachen. Vun dohir huet d’Famill sech gewënscht de Max an Zukunft trotz senger Behënnerung a sengem Rollstull op hir Aventure matzehuelen.

Dëse Wonsch huet de Wonschstär hinnen erméiglecht mat engem speziell adaptéierte Velo wou de Max mat sengem Rollstull matgeholl ka ginn. Mir wënschen der Famill ganz vill Spaass op hiren gemeinsamen Ausflich um Velo!

E ganz grousse Merci geet dobäi un d’Indian Motorcycle Riders Group Luxembourg déi sech de Weekend fir dem Max säi Wonsch vill Méi gemaach hunn an e klengt Fest organiséiert hunn. Nodeems déi 50 Biker eng Streck vun 80 km hannert sech bruecht hunn, sinn si souguer déi lescht Etapp zesumme mam Max bis iwwert d’Zillinn gefuer. Do huet och schonn e ganze Grupp Supporteren op si gewaart an hu si mat där eng oder anerer Tréin am Aa a mat ganz vill Applaus empfang.

Och dir kënnt Iech nach bis Dezember bei dëser Aktioun bedeelegen an iech ee spezielle Kalenner vum Motosclub sécheren an de Max esou ënnerstëtzen. Am Viraus soe mir jidderengem schonn emol villmools Merci.