Noriichten

Comments Box SVG iconsUsed for the like, share, comment, and reaction icons
4 days ago

Well et emmer e flotte Wonsch ass a vill gefrot gëtt, ass et emol erem un der Zäit gewiecht d’Micky Mouse a Kompagnie ze besichen.

Den Internat socio-familial St. Marie vu Mertzig huet eis virun e puer Méint ugeschriwwen an eis vun hirem flotte Projet erzielt. Dobäi goufe mir iwwer hir Aarbecht sou wéi iwwer déi speziell Besoinen vun de betreite Kanner opgeklärt. Mir waren direkt dobäi an hunn eis un d’Aarbecht gemaach fir dëse Wonsch ze organiséieren.

An der Ouschtervakanz war et dunn souwäit an de Grupp vun 26 Kanner konnt sech zesumme mat den Educateuren op de Wee Richtung Disneyland maachen.

Emol am Parc ukomm hu sech d’Kanner iwwert 2 Deeg immens gutt amüséiert. Si sinn déi ganzen Zäit vill hin an hir gelaf an hunn richteg vun dësem Ausflug profitéiert. Op de verschiddenen Spiller gouf och vill zesumme gelaacht a souguer gejaut wann et mol op der Achterbunn ze rasant gaangen ass.

Vir de groussen Deel vun de Kanner stinn esou flott Ausflich net oft op der Agenda a sinn éischter rare. Dofir si mir beim Wonschstär frou d’Geleeënheet ze hunn fir Kanner oder och Erwuessener sou schéin Aventuren méiglech ze maachen an hinne onvergiesslech Momenter ze bidden.

Dëst kënne mir natirlech net elleng a si jidderengem dankbar, deen eis bis elo sou wéi och an Zukunft ënnerstëtzt.

Weider Wënsch fannt dir www.wonschstaer.lu

💕💕💕

#wonschstär #wonschstaer #wonsch #merci
... See MoreSee Less

#wonschstär #wonschstaer #wonsch #merciImage attachmentImage attachment+2Image attachment

2 CommentsComment on Facebook

Wéi lang as Wardezait fir Äntwert ob e Wonsch? Merci

3 weeks ago

Och kleng Wënsch sinn dawaert erfëllt ze ginn!

Den Elian a säi Brudder de Johan hunn zesumme mat hirer Famill hir Heemecht Kolumbien misse verloossen an hunn de Statut vum Réfugié.

Déi zwee Jongen hu schonn a jonke Joere gréisser Problemer mat hiren Aen an den Elian huet um Wee op Lëtzebuerg säi Brëll verluer.

Mir waren natirlech direkt bereet hinnen eis Hëllef unzebidden an hunn eis mam Elian a Johan op de Wee bei den Optiker gemaach. Si goufen immens gutt empfaangen an hir Aen goufen op der Plaz getest. Den Elian (-3) brauch e spezielle Brëll fir d’Korrektur vu sengen Aen. No e puer Tester konnt hien sech e flotte Brëll eraus sichen, dee seng Aeproblemer korrigéiert.

Och säi Brudder de Johan (-1,7) huet sech schonn e passende Brëll ausgesicht, deen hie wäert kréien nodeems hien bei den Aendokter war.

Mir si frou dass dat alles esou gutt geklappt huet a soe jidderengem Merci fir d’Ënnerstëtzung.

3 CommentsComment on Facebook

Just als Fro: ech duecht Kanner kréichen 100% remourséiert. As daat net esou? As dach extrem wichteg gutt ze gesin!

3 weeks ago

D'Senioren Gemeng Suessem asbl hun eis op hir AG invitéiert an bei där Geleeënheet e Scheck iwwerreecht.
E grousse Merci un di dynamesch Equip.

💕💕💕

#dons #wonsch #wonschstär #merci #Wonschstaer
... See MoreSee Less

DSenioren Gemeng Suessem asbl hun eis op hir AG invitéiert an bei där Geleeënheet e Scheck iwwerreecht.
E grousse Merci un di dynamesch Equip.

💕💕💕

 #dons #wonsch #wonschstär #merci #wonschstaer
4 weeks ago

Di Responsabel vun der Maison Relais vun Munsbach hun eis den Erléis vun hirem Chrëschtbazar iwerreecht.
E grousse Merci un di dynamesch Ekipp an di vill kleng a grouss Hänn di gehollef hun dese Betrag ze erschaffen.

💕💕💕

#dons #wonsch #wonschstär #merci #Wonschstaer
... See MoreSee Less

Di Responsabel vun der Maison Relais vun Munsbach hun eis den Erléis vun hirem Chrëschtbazar iwerreecht. 
E grousse Merci un di dynamesch Ekipp an di vill kleng a grouss Hänn di gehollef hun dese Betrag ze erschaffen.

💕💕💕

 #dons #wonsch #wonschstär #merci #wonschstaer
1 month ago

D'Chorale Berdorf/Consdorf huet eis invitéiert fir op hirer AG e Scheck entgéint ze huelen. Den Erleis keint vun hirem Concert vum Januar.
E grousse Merci un d'ganz Equip.

💕💕💕

#dons #wonsch #wonschstär #merci #Wonschstaer
... See MoreSee Less

DChorale Berdorf/Consdorf huet eis invitéiert fir op hirer AG e Scheck entgéint ze huelen. Den Erleis keint vun hirem Concert vum Januar.
E grousse Merci un dganz Equip.

💕💕💕

 #dons #wonsch #wonschstär #merci #wonschstaer

2 CommentsComment on Facebook

Ganz flott😊

Load more

Kontakt

Wann Dir mat eis Kontakt wëllt ophuelen, da kënnt Dir eis uruffen oder hei schreiwen. Mir beäntweren Iech gär all är weider Froen. Sidd Dir eventuell interesséiert eis bei eisen Aktiounen oder Evenementer ze hëllefen, da kënnt Dir eis och einfach hei schreiwen. Mir sinn ëmmer bereet, mat anere Leit zesummen ze schaffen a freeën eis op Äre Message.

RGPD