Pasquale

Nach ee mol live am Stadion dobäi sinn wann de Lieblingsveräin spillt, dat war dem Pasquale säi grousse Wonsch!

Zesumme mat senger Famill hu mir hien op Mailand geschéckt an him d’Méiglechkeet ginn am Giuseppe-Meazza seng “I Nerazzuri” ze ënnerstëtzen.

Seng Ekipp huet hien och net am Stach gelooss an hunn Atalanta Bergamo mat 4-0 quasi aus dem Stadion geschoss.

E grousse Merci u jiddereen deem dem Pasquale säi Wonsch erméiglecht huet.

Leider huet de Pasquale eis firun e puer Deeg verlooss a mir wënschen der Famill an Trauer ganz vill Kraaft an drécken hinnen eist häerzlecht Bäileed aus.