Villmols Merci
Villmools Merci
E grousse Merci un an all déi Leit, déi äis ënnerstëtzen, sief dat duerch een Don oder e Benevolat! Dat ass den Haaptgrond, deen et eis erméiglecht eis Aarbecht ze maachen an dofir si mir iech zu déifst dankbar. Et ass eis ëmmer erëm eng Freed an Éier Äert Vertrauen ze hunn an all déi Leit an hir Famillje glécklech ze maachen!
Nodeems de Club des Jeunes zu Ohn leider décidéiert huet sech opzeléisen, sinn si op d‘Idee komm de Rescht Suen aus hirer Caisse engem karitativen Zweck ze schenken.
Dass si dobäi un eis geduecht huet mescht eis richteg houfreg a mir wëllen dem ganze Comité sou wéi och all hiren ale Membere villmools Merci soen fir dëse wonnerbare Geste.
#wonschstär #wonschstaer #wonsch #dons
De Mëtteg ware mir bei der ala op Besuch a si hunn eis mat engem generéisen Don verwinnt. Mir soen hinnen sou wéi sämtleche Mataarbechter villmools Merci fir hier Ennerstëtzung!💕💕💕
„Wann d’@ala_alzheimer Wënsch erfëllt …
Dëst Joer huet d’ala decidéiert de Montant, dee fir d’Cadeauen um Enn vum Joer virgesi war, enger aner Associatioun ze spenden. D'Mataarbechter konnten tëschent 3 Associatioune wielen. Déi Associatioun, déi déi meeschte Stëmmen an domat en Don vun 3.400 Euro krut, war d'Fondatioun Wonschstär. De Scheck gouf der Madame Viviane Vermeer, Presidentin vun der Fondatioun Wonschstär, de Mëtteg vun Membere vum Personal vun der ala a vun der Madame Lydie Diederich an dem Här Denis Mancini vum Directoire vun der ala iwwerreecht.“
#ala #associationluxembourgalzheimer #ala_lu #alzheimer #demenz #demence #Luxembourg #Lëtzebuerg #wonschstär #wonschstaer #wonsch #dons
D’Firma Signa huet sech op der Expogast virgeholl keng Werbeartikelen ze verdeele mee sech e klengen Challenge ze setzen a fir de gudden Zweck Stëpp vun de Fläschen ze sammelen.
D’Zil war souvill wéi méiglech ze sammelen a wat méi Stëpp si sammelen wat hiren Don méi héisch gëtt. Bei hirer Challenge koum dou eng Zomm vu knapps iwwer 1000€ zesummen, déi si dou och nach op déi schéin Zomm vun 1.500€ opgeronnt hunn.
Mir soen der ganzer Firma Signa an all hire Mataarbechter villmools Merci fir hir Ennerstëtzung.💕💕💕
#wonschstär #wonschstaer #wonsch #dons
„ Lafen a Walken“ fir de gudden Zweck, ass d’Veranstaltung déi den dynamischen Veräin „Réidener Wanterlaf“ zënter Joeren Ufank Januar zu Réiden/ Atert organiséiert. Mam Erléis vun dem Event mat sportlichem Charakter, hun di Responabel vum Réidener Veräin sech des Kéier virgeholl eis Fondatioun ze ënnerstëtzen. Viru kurzem gouf eis am Kader vun enger Scheckiwerreechung, déi en Deel vun den Aktivitéiten vum Joer duerstellt, en Don vun 1.000€ iwerreecht.
Mir si begeeschtert a soen der ganzer Ekipp vum „Réidener Wanterlaf“ villmools Merci fir hiren Äifer an hir Ennerstëtzung
(Foto: Charles Reiser)
#wonschstär #wonschstaer #wonsch #dons
D’Kënschtlerin @juliettehaag déi eis an der Vergaangenheet schonn ënnerstëtzt huet, huet och dës Joer erem e schéine Cadeau fir de Wonschstär.
Nodeems si fir Ouschteren Ouschtereër an och fir Chrëschtdag Chrëschtbulle gemoolt huet, an donierft nach eng Vente vun hire Biller organiséiert huet dierfe mir eis des Joer op e Chrëschtcadeau an der Héischt vun 6.950€ freeën.
Mir soen hier villmools Merci fir hiert Vertrauen a si richteg frou dass Juliette Haag op en Neits un eis geduecht huet.
#wonschstär #wonschstaer #wonsch #dons
#konscht
Virun e puer Deeg ware mir bei Zurich Luxembourg invitéiert.
Gemeinsam mat hinnen deele mir Werter wéi Optimismus, Zesummenhalt, Matgefill an Entschlossenheet. Esou hu si sech entscheed dem Wonschstär en Don vun 2.000€ ze iwwerreechen an eis bei eise ville Projeten ze hëllëfen.
Mir hunn eis iwwert d’Invitatioun gefreet a soe villmools Merci fir hir generéis Ennerstëtzung!
#wonschstär #wonschstaer #wonsch #dons
Sally huet eis virun e puer Méint eng Mail iwwert hier Mamm geschriwwen dei ganz schwéier krank ass:
« Ech erzielen hier Geschicht aus dem einfachen Grond, dass ech meng Mamm vir déi lescht Zäit déi hier nach bléift glécklech wëll gesinn an dat sie net traureg vun eis goe muss. Hiere gréisste Wonsch wier eng Vakanz um Mier, do Sie den Geroch vum Mier, de Wand, an Geräisch vun den Wellen gären huet ... » Biller schwëtzen fier sech! Mamm ass lescht Woch mat der Duechter an hierem Jong op Bari geflunn! Dank der Fondatioun Wonschstär huet Sie nach e puer ganz schéin Momenter um Mier konnten verbréngen an eng Woch all inclusive am Pietra Blu Resort direkt um Mier genéissen. « Sie wollt net méi heem » wor den feedback vun der Duechter! Mir sin frou dass mir trotz dem Covid dësen Wonsch konnten erfëllen. Een groussen Merci eisen Donateuren! #wonschstär #wishes #bari #trullidialberobello #dons #pietrabluresort
Den Lycée Technique vun Ettelbréck huet eis haut een Don vun 1.956€ iwwerreecht! Villmols Merci den Schülerinnen an Schüler an den Proffen fier den Asatz während dem Wantermaart an et wor eng besonnesch Iwwerrraschung een Kuch mam Wonschstär logo offréiert ze kréien! Ganz lecker! #wonschstär #ltemployee #dons #voeux #lycée
Kontakt
Wann Dir mat eis Kontakt wëllt ophuelen, da kënnt Dir eis uruffen oder hei schreiwen. Mir beäntweren Iech gär all är weider Froen. Sidd Dir eventuell interesséiert eis bei eisen Aktiounen oder Evenementer ze hëllefen, da kënnt Dir eis och einfach hei schreiwen. Mir sinn ëmmer bereet, mat anere Leit zesummen ze schaffen a freeën eis op Äre Message.