Chrëschtdag 23

Dës Zäit ass jo dofir bekannt, dass ee soll nach méi un déi Läit denke soll deenen et net esou gutt geet. Dëse Message hu mir eis natirlech un d’Häerz geholl an hunn eng ganz Famill glécklech gemaach!

Mir hunn eng élengerzeiend Mamm, déi Kriebs huet an Chimio kritt, an hire Kanner fir Chrëschtdag e puer schéi Momenter geschenkt! Zesumme ware mir op eng kleng Christmas Shopping Tour an hu wéi dir gesidd de Caddy oder besser gesot d’Caddien emol op hir Tragfähegkeet getest. Elo kann d’Mam zesumme mat hire Kanner emol richteg gutt feieren.

A well natirlech eppes op kee Fall feelen dierf an ënnert dem Beemche bei hinnen nach vill Plaz war, hu mir dem Chrëschtkëndche gehollef dës Plaz mat e puer flotte Cadeauen ze fëllen.

Iech alleguer soe mir gemeinsam mat der Famill en immens grousse Merci fir déi grouss Ënnerstëtzung.