Kiara

E Projet dee mir schonn iwwert Joeren ënnerstëtze, si Reittherapien fir Jugendlecher mat ganz ënnerscheedleche Geschichten.

Bei esou enger Reittherapie léieren si, sou wéi hei um Beispill vum Kiara, mat de Päerd emzegoen, Verantwortung ze iwwerhuelen a sech em si ze këmmeren. Esou entsteet tëschend hinnen an de Päerd oft eng ganz déif Relatioun a léisst déi Jugendlech hir Suergen fir eng Zäitchen ze vergiessen.

Wéi dir op dëser Foto kënnt gesinn, ass d’Kiara immens frou mam Rocky an ass glécklech vun dëse Stonne profitéieren ze kënnen.

Mir soe jidderengem Merci, deen déi verschidde jonk Läit am Kader vun dësem Projet ënnerstëtzt.