Angelo

Duerch säin Autismus huet den Angelo eng grouss Passioun fir bekannt Persounen entwéckelt a konnt sech a sengem Liewe scho mat ville Staren knippse loossen.

Mat Hëllëf vun eise Kontakter war et eis méiglech am Kader vum Münchner Oktoberfest vun der perfekter Geleeënheet ze profitéieren an him säi Wonsch vun engem Treffen mam Sarah Brandner ze erfëllen.

Wéi dir op de Fotoen gesidd war den Angelo ganz frou dass et geklappt huet. Mir soe jidderengem e grousse Merci deen dem Angelo gehollef huet.