Delfintherapie

No ganz gudde Fortschrëtter bei hiren éischten Erfarungen mat enger Delfintherapie hu mir d’Lara an d’Ines eng weider Kéier ënnerstëtzt fir un esou enger Therapie deel ze huelen.

Déi Zwee konnten och des Kéier souwäit et méiglech war vun hirer Chance profitéieren an hunn all Moment mat den Delfinen am Baseng genoss. An och ausserhalb vum Waasser goufe si zu all Zäit gutt betreit. Well Biller vill méi aussoen wéi Wieder hu mir Iech 1-2 Videoen preparéiert.

Zesumme mam Lara a mam Ines soe mir jidderengem e grousse Merci deen eis gehollef huet déi Therapie ze erméiglechen.

Dobäi ganz besonnesch un eis sportlech Vëlosequipe (De Lotz, de Claudio, de Jojo an de Pedro) déi souguer mam Vëlo bis a Portugal gefuer ass an och dem Alex dee fir seng 50 Joer mat sengem Moto e Roadtrip duerch Frankräich, Spuenien a Portugal hannert sech bruecht huet. Alleguerten hu si op hiren Aventuren Donen agesammelt fir dem Lara an dem Ines dës Geleeënheet ze bidden.

Fir dëse Projet ze realiséiere gouf awer net nëmmen Vëlo a Moto gefuer mee och gedanzt. D’Danzschoul Cathy Moes by Li Marteling huet sech mat engem groussen Don, deen aus der Erléis vun hirem “Just Dancing 2022” gewonne gouf, bedeelegt.

Villmools Merci!