Wat kann e sech wënschen?

e materielle Wonsch

däin Idol treffen

en Event besichen

en Ausflug

Hellëfsmëttel

oder soss eppes
Wien kënnt a Fro?

Keng Alterslimit

Du liews haaptsächlech zu Lëtzebuerg

Du hues e Schicksalsschlag
Erfëllte Wënsch
CDM Vëlo
Nodeems d’Famill vum Max sech entscheed huet de Velo u seng Schoulkameroden am CDM weider ze ginn an dësen esou vill Freed bei de Kanner ausgeléist huet, hu mir eis entscheed dem CDM e weidere op Rollstill adaptéierte Velo ze schenken. Dëst erlabt de Kanner...
Tania
D‘Tania huet eis kontaktéiert an eis vun sengem Wonsch erzielt en Assistenzhond ze kréien. Am jonken Alter vu 27 Joer huet hatt mat engem AVC en éischte schwéiere Schicksalsschlag krut. No dësem Moment huet sech säi Liewen sou wéi och dat vun senger ganzer Famill op...
Martin
Och de Martin huet eis fir Chrëschtdag e klenge Wonsch erzielt. Hien ass ganz interesséiert um Sport an kuckt gären de Fussball. Sou huet hien eis gefrot ob et méiglech wär him en ënnerschriwwenen Trikot vum Lëtzebuerger Nationalspiller dem Vincent Thill ze besuergen....
Maredoc
Eng gelongen Iwwerraschung Den 23. Dezember ware mir fir d’Feierdeeg am Altersheem Maredoc op Besuch an hunn d’Bewunner mat klenge Kaddoen iwwerrascht. Et war immens schéin ze gesi wéi d’Leit sech iwwert déi flott handgemaache Saachen an de gudde Schockela gefreet...
Vollekskichen
Fir den Ofschloss vum Joer hu mir eis dës Joër e Projet mat der Vollekskichen vu Bouneweeg eraus gesicht. D’Vollekskichen ass ee wichtegen Acteur fir Inclusioun an Integratioun a bitt Läit, déi leider duerch divers perséinlech Schicksalsschléi um éischten...
Lyo 2
De Kleesschen ass och bis bei de Lyo komm an huet him e klenge Kaddo laanscht bruecht. De Lyo freet sech iwwer säin neien Therapie Büro deen extra op seng speziell Bedierfnisser adaptéiert ginn ass. E grousse Merci un d’Famill Scheider-Godart, de Weber Paul, den Tock...
Claude
De Claude ass säit ville Joren e grousse Manchester United Fan a versicht kee Match vu senger Equipe ze verpassen. Virun e puer Deeg huet de Claude säi Gebuertsdag gefeiert an och wann mir hien bis elo nach net iwwerzeege konnten e Match op Manchester...
CDM 2
E weidere Wonsch vum CDM Virun enger Zäit hu mir Iech vun engem Wonsch vum Centre pour le développement moteur erzielt, wou mir si bei hiren Aktivitéiten bei der De Leederwon a.s.b.l ënnerstëtzt hunn. Dobäi ass et awer net eleng bliwwen an no enger Ufro vun...
Nasulina
Et gëtt näischt méi Schéines wéi e gudde Frëndeskrees! Schonn d‘lescht Joer goufe mir vun enger Fra kontaktéiert, déi eis vun engem Wonsch erzielt huet. Dobäi geet et net em hiren eegenen mee em deen vun hirer gudder Frëndin dem Nasulina. Zanter enger Zäitchen ass...
Amy
D’Famill Marques huet sech bei eis gemellt an eis em eng Ënnerstëtzung fir hiert Meedchen Amy gefrot. D’Amy huet leider säit senger Gebuert mat enger ganz schwéierer Behënnerung ze kämpfen. Dëst ass fir d’Amy a seng Famill am Alldag oft eng ganz schwiereg...
Angelo
Duerch säin Autismus huet den Angelo eng grouss Passioun fir bekannt Persounen entwéckelt a konnt sech a sengem Liewe scho mat ville Staren knippse loossen. Mat Hëllëf vun eise Kontakter war et eis méiglech am Kader vum Münchner Oktoberfest vun der perfekter...
CDM
Mir sinn vum Centre pour le développement moteur kontaktéiert ginn a goufen em Ennerstëtzung gefrot. Well si schonn an der Vergaangenheet ganz vill positiv Erfarunge beim Leederwon zu Betzder sammele konnten, wollte si mat engem neie Grupp vu 6 Kanner vun dëse...
Kontakt
Wann Dir mat eis Kontakt wëllt ophuelen, da kënnt Dir eis uruffen oder hei schreiwen. Mir beäntweren Iech gär all är weider Froen. Sidd Dir eventuell interesséiert eis bei eisen Aktiounen oder Evenementer ze hëllefen, da kënnt Dir eis och einfach hei schreiwen. Mir sinn ëmmer bereet, mat anere Leit zesummen ze schaffen a freeën eis op Äre Message.