Wat kann e sech wënschen?
e materielle Wonsch
däin Idol treffen
en Event besichen
en Ausflug
Hellëfsmëttel
oder soss eppes
Wien kënnt a Fro?
Keng Alterslimit
Du liews haaptsächlech zu Lëtzebuerg
Du hues e Schicksalsschlag
Erfëllte Wënsch
Armand
Den Armand huet eis kontaktéiert an eis vu sengem groussen Dram erzielt. Als Rollstullfuerer a groussen Tennisenthusiast huet hien sech gewënscht emol mat sengem groussen Idol dem Gilles Müller e bëssen Tennis ze spillen. Wéi den Zoufall et sou wollt si mir gewuer...
Plun
Mir sinn zréck vun der hollänescher Plage a wat war dat schéin. Op Initiativ vun der Spillkëscht Sandweiler konnte mir d’Méiglechkeet notzen den Här Plun op senger klenger Rees op Noordwijk ze ënnerstëtzen a mir freeën eis, dass hien mat senger Famill eng wonnerschéin...
Cathy
Dem Cathy säi Wonsch ass an Erfëllung gaangen.Nodeems d’Madamm Hoffmann, Englesch Prof am Bouneweger Lycée, eis kontaktéiert huet an eis e bëssen iwwert hir Schülerin erzielt huet, ware mir Feier a Flam fir ze hëllefen. D’Cathy wunnt de Moment an engem Foyer an mëscht...
Melanie
D’Mélanie hat am Alter vun 9 Joer e ganz trageschen Autosaccident an huet esou scho jonk misse léiere mat engem schwéiere Schicksal ëmzegoen. Säit dësem Moment ass hatt als Tetraplegiker a sengem Alldag op e Rollstull ugewisen. Em déi zwee Joer ass et hier do huet...
Ahmed
En Auto fir e bessert Liewen Schonn a jonke Joren ass den Ahmed mat ganz schwéiere Situatioune a sengem Liewe konfrontéiert gewiescht. Am Alter vu 16 Joer huet hien zesumme mat senger Famill seng Heemecht am Irak misste verloossen an iwwer vill Ëmweeër an...
Lise
Happy birthday to you, happy birthday to you,Happy birthday to you LiseHappy birthday to you! Se soen jo et géing ëmmer e Grond gi fir ze feieren mee mir hate viru kuerzem e ganz besonnesche Grond. Dem Lise säin 18te Gebuertsdag stoung virun da Dier!...
Lyo
E ganz besonnesche Wonsch hu mir an de leschten Deeg erfëllt. De klenge Lyo huet 8 Joer an hien ass direkt no senger Gebuert krank ginn an huet doduerch eng schwéier Behënnerung zréck behal. Seng Mam, déi hien am Alldag op Schrëtt an Trëtt begleet an hiert Bescht...
Iwwerschwemmungen
Am Kader vun de schwéieren Iwwerschwemmungen an den enorme Schied déi ueschtert Land an Emgeijend bei ville Läit entstane sinn, hu mir och versicht eisen Deel dozou bäizedroen fir e puer Betraffener an hirer Nout ze hëllefen. Dobäi hu mir eis spezifesch op déi 3...
Melvyn
De Melvyn ass virun 12 Joer mat enger Agenesie vermienne op d’Welt komm. Dëst ass eng rare Krankheet, déi eng ganz Rei schwéier Beschränkungen mat sech dréit, wéi een groussen Entwécklungsdefizit vun der Motorik. Dëse Retard ass fir de Melvyn a seng Famill am Alldag...
Adriano
De léiwen Adriano huet sech näischt méi gewënscht wéi emol eng Visite am Disneyland ze ennerhuelen. Natirlech ware mir direkt begeeschtert fir him säi Wonsch ze erfëllen an him e flotten Ausfluch ze erméiglechen. Wéi dir sou schéin op de Fotoen gesidd huet den Adriano...
Ines
Nodeems d’Ines virun e puer Joer eng Delfintherapie besicht huet a seng Eltere doduerch signifikant Fortschretter am Alldag bemierkt hunn, goufe mir gefrot ob mir gewëllt wären d’Ines a seng Famill eng zweete Kéier ze ënnerstëtzen. Mir si glécklech der Famill konnten...
Portugal
Eng weider Kéier konnte mir eng Persoun glécklech maaachen. Eng Bekannte vun enger Famill huet eis kontaktéiert an eis vun der Mamm hirem schwéieren Schicksal an hirem Wonsch erzielt. Mir waren natirlech immens getraff an hunn eis Ennerstëtzung zougesechert. No enger...
Kontakt
Wann Dir mat eis Kontakt wëllt ophuelen, da kënnt Dir eis uruffen oder hei schreiwen. Mir beäntweren Iech gär all är weider Froen. Sidd Dir eventuell interesséiert eis bei eisen Aktiounen oder Evenementer ze hëllefen, da kënnt Dir eis och einfach hei schreiwen. Mir sinn ëmmer bereet, mat anere Leit zesummen ze schaffen a freeën eis op Äre Message.
* Impressum & Dateschutz