Viviane

Bestuet ginn, eng Hochzäit feieren an e schéinen Dag erliewen!

Fir déi meescht Fraen geet dëse Wonsch iergendwann an Erfëllung, mee leider net fir alleguer. Esou deelt och d’Viviane dëst Schicksal an hat huet duerch seng kognitiv Aschränkung onglécklecherweis net déi beschte Viraussetzungen fir e Liewenspartner ze fannen deen him säi Wonsch « Emol eng Braut an engem flotte Brautkleed sinn » erfëllt.

Nodeems mir vun dësem Wonsch erzielt kruten hu mir eis Gedanke gemaach wéi mir dësen Dram awer op eng ugepasste Manéier trotzdeem verwierklechen kënnen. Sou hu mir d’Viviane, och wann et nëmme fir en Nomëtteg war, an eng schéin Braut mat passendem Rack verwandelt a mat engem Fotoshooting dëse flotten an onvergiessleche Moment net just als Erënnerung festgehalen.

E grousse Merci un all eis Donateursen a ganz speziell un:

  • d’Manuela wat eis den Hochzäitsrack zur Verfügung gestallt huet,
  • de Josué deen d’Fotoen gratis gemaach huet,
  • Fleurs du temps déi de Bouquet zesummegestallt hunn,
  • Coiffure Beim Figaro, déi ouni Bezuelung fir déi néideg flott Coiffure gesuergt hunn,
  • Etoile Boutique, déi eis eng Remise op de Voile, d’Schung an de Prabbeli ginn hunn,
  • d’Marie-Ange dat de Rack fir näischt retouchéiert huet,
  • d’Ana fir de Kuch,
  • d’Patricia fir d’Coordinatioun,
  • d’Tania fir den Encadrement.