Lara Trapelift

Trappen erop an erof, fir vill Läit an eiser Gesellschaft ass dat net selbstverständlech! Esou och fir d’Lara dat duerch seng Behënnerung Doheem immens ageschränkt ass a geet et awer dach esou gär mat sengem Papa an de Keller bastelen.

Bis virun enger Zäit war dat kee Problem fir d’Famill a se hunn d’Lara ëmmer erof gedroen, mee d’Lara gëtt ëmmer méi grouss a schwéier esou dass dat net méi esou einfach klappt.

Aus der Nout huet dem Lara seng Famill sech un eis geriicht an eis em Hëllef bei der Finanzéierung vun engem Trapelift gefrot. Nodeems si schonn esou ee vun der Assurance Dependance kritt hunn fir an d’Haus eran an déi keen zweeten finanzéieren, hunn mir eis bereet erkläert d’Famill ze ënnerstëtzen.

Elo kann d’Lara sengem Liblingshobby erëm no goen a zesumme mat sengem Papp bastelen.

Mir soen all eisen Donateuren a ganz besonnesch dem Hesper Fëscher Club villmools Merci fir hiert Engagement.