Thomas

Den Thomas huet 56 Joer an ass duerch en Accident am Rollstull. Rezent haat hien nach emol immens vill Pech an et koum nach en AVC dobäi. Zesumme mat senger Partnerin hu si eis kontaktéiert an em Ënnerstëtzung gefrot fir sech mat engem elektreschen Rollstull fir all Terrain (segway basis) ze equipéieren.

Well eis bewosst ass wéi schwéier et ass mat engem gewéinleche Rollstull iwwer schwéieren Terrain ze fueren, si mir dem Thomas sengem Wonsch mat grousser Freed no komm.

Duerch eis Hëllëf huet den Thomas erem e gutt Stéck Autonomie zréck gewonnen an hie kann elo mat senger Partnerin iwwert d’Wiesen an duerch de Bësch düsen.

Mir soen Iech alleguer villmools Merci fir d’Erfelle vum Thomas sengem Wonsch.