Phantasialand

D’Equipe pédagogique aus enger Betreit Wunnen Struktur wollt hirem ganze Grupp Jugendlecher emol eng kleng Ofwiesslung bidden a mat hinnen e klengen Ausflug an d’Phantasialand ennerhuelen. Well si awer finanziell limitéiert sinn an esou Fräizäit Excursiounen leider net kënne selwer stemmen, hu si de Wonschstär em Ënnerstëtzung gefrot fir dëse Part ze iwwerhuelen.

Ganz gäre si mir hinnen entgéint komm an hunn hinnen d’Entréesticketen esou wéi och de Reessbus bezuelt.

Hei e puer Andréck vun hirer Aventure:

“Et war Mega! Et huet ee souvill verschidden Attraktiounen.”

“Black Mamba a Fly waren déi beschten Achterbanen.”

“Et wier cool dat all Joer ze maachen oder wann een all Joer an een anere Park geet.”

“Et war interessant nei Leit vum Betreit Wunnen kennenzeléieren a mat hinnen ze schwätzen.”

“De Burger war mega lecker an d’Desserten nach méi.”

Hir Betreier déi si begleet hunn, hunn eis erzielt dass et schéin war ze gesinn, wéi déi Jonk sech amuséiert hunn an dass se op dem Dag voller Adrenalin nei Frëndschafte maache konnten.

Mir si frou dass et fir jiddereen e flott Erliefnis war soen jidderengem Merci deen eis bei dësem esou wéi och bei all eisen anere Projeten ënnerstëtzt.

Eis ganz Equipe freed sech schonn op déi nächst flott Wënsch déi mir an Zukunft erfëllen dierfen.