Altersheem

Kurz virun de Feierdeeg ware mir an 2 Altersheimer op Besuch an hunn 30 Pensionären, déi ganz seele Visite kréien, iwwerrascht.

Et gouf eng kleng Feier fir si organiséiert an si hunn eis e bëssen iwwert hiren Alldag gezielt. Dobäi hu mir vun der Geleeënheet profitéiert jiddereen e bësse kennenzeléieren, hinnen nozelauschteren a vereenzelt Bewunner hunn eis vun hire Wënsch erzielt.

Éier mir eis erem op den Heemwee gemaach hunn, hu mir hinnen all nach e klenge Cadeau iwwerreecht.

E grousse Merci u jiddereen deen dëse Projet ënnerstëtz huet.