CDM

Mir sinn vum Centre pour le développement moteur kontaktéiert ginn a goufen em Ennerstëtzung gefrot. Well si schonn an der Vergaangenheet ganz vill positiv Erfarunge beim Leederwon zu Betzder sammele konnten, wollte si mat engem neie Grupp vu 6 Kanner vun dëse besonneschen Aktivitéiten profitéieren.

Mat grousser Freed si mir hirem Wonsch entgéint komm an hunn de Kanner dës Aktivitéiten erméiglecht.

Am Numm vun de Kanner an och vun eis e ganz grousse Merci u jiddereen deen eis bei dësem Projet ënnerstëtzt huet sou wéi och un d‘De Leederwon asbl fir dat flott Encadrement.