CDM Äispist

De CDM ass firun enger Zäitchen mat enger flotter Demande un eis eru getrueden.

Si haten déi schéin Idee mat engem Grupp Kanner am Rollstull op d‘Kockelscheier Schlittschong fueren ze goen.

Esou e geniale Wonsch kënne mir natirlech nëmmen ënnerstëtzen an hunn eis entscheed hinnen d‘Äispist fir e puer Stonnen iwwert eng gewëssen Zäitspaan ze lounen.

Wéi dir op de Photoen kënnt gesinn, hunn d‘Kanner eng wonnerschéin Zäit um Äis an amüséiere sech prächteg.E grousse Merci u jiddereen deen dëse Projet ënnerstëtz huet.