Amy

D’Famill Marques huet sech bei eis gemellt an eis em eng Ënnerstëtzung fir hiert Meedchen Amy gefrot.

D’Amy huet leider säit senger Gebuert mat enger ganz schwéierer Behënnerung ze kämpfen. Dëst ass fir d’Amy a seng Famill am Alldag oft eng ganz schwiereg Situatioun a bréngt jiddereen u seng mental a kierperlech Grenzen.

Duerch dem Amy seng Behënnerung ass et fir hatt net einfach sech komfortabel ze positionéieren. Dëse Problem konnte si mat eiser Ënnerstëtzung an enger passender Lige behiewen.

Elo kannt d’Amy ganz relax mat senger Famill hir gemeinsam Zäit genéissen ouni sech vill Suergen em seng Positioun ze maachen.

Mir soe jidderengem villmools Merci deen matgehollef huet dem Amy dëse Wonsch ze erfëllen.