Rigobert

Dem Rigobert hu mir an der Vergaangenheet schonn deen een oder anere Wonsch erfëllt. Duerch seng Ganzkierper Querschnittslähmung ass hien am Alldag net nemmen op eng mënschlech Betreiung ugewiesen mee hien brauch och bis elo e komplizéiert Aménagement fir mat sengem Computer ze schaffen.

Als sougenannten Tetraplegiker ass een dach des öfteren och sozial isoléiert an et kann een den Alldag nëmmen an enger immens ageschränkter Art a Weis genéissen, dh oft muss ee leider oft op Momenter verzichten.

De Rigobert verbrengt dohir ganz vill Zait mat sengem Computer an hien huet eis erzielt, dass hien duerch eng Funktioun am neie Mac Betriebsystem säi Computer direkt ouni weider Hëllef mam Kapp oder mat den Aen steieren kann. Fir dësen Update war sai Computer awer net staark genug, esou huet de Rigobert sech un eis gewend an eis em Ënnerstëtzung gefrot.

Wéi de Rigobert eis a senger Ufro mat sengen eegene Wieder erklärt huet: « der Computer ist einfach Mein Tor zur Welt.« war et fir eis kloer, dass mir him säi Wonsch vun engem neie Computer einfach nëmmen erfëllen kënnen.

De Rigobert seet dem Wonschstär a jidderengem deen him säi Wonsch erfëllt huet villmols Merci!