Nasulina

Et gëtt näischt méi Schéines wéi e gudde Frëndeskrees! Schonn d‘lescht Joer goufe mir vun enger Fra kontaktéiert, déi eis vun engem Wonsch erzielt huet. Dobäi geet et net em hiren eegenen mee em deen vun hirer gudder Frëndin dem Nasulina.

Zanter enger Zäitchen ass d‘Nasulina ganz schwéier krank an huet immens vill ze kämpfen. Eis gouf erzielt, dass hatt sech schonn éiweg emol eng flott Rees op Costa Rica gewënscht huet.

Esou hu mir eis un d‘Aarbecht gemaach an hunn déi néideg Schrëtt an de Wee geluecht an hunn him fir säi 40ten Gebuertsdag eng Rondrees inklusiv Guide geschenkt.

Op dëser flotter Aventure konnt Nasulina mat sengem Mann ganz vill flott Andréck a Momenter erliewen. Sief et op der Plage, am Hotel oder an der Natur, vill onvergiesslech Erënnerunge goufe gesammelt. Déi eng oder aner Erënnerung gouf wéi der kënnt gesinn och op Foto fest gehalen.

Mir freeën eis, dass mir dëse Wonsch erfëlle konnten a soen zesumme mam Nasulina jidderengem Merci deen dës Aventure mat sengem Engagement méiglech gemaach huet.