Togo

Wann ee mateneen schaft dann ass villes méiglech! Dëst Motto hu mir eis bei engem vun eise leschte Projeten zu Häerz geholl a konnten e schéine Wonsch realiséieren.

Zesumme mat enger Assistante sociale aus dem CHL an der Wonschkutsch asbl hu mir enger Patientin hiren gréissten Draam erfëllt. No laange medizinesche Prozeduren a ville schwéiere Momenter erem d‘Famill am Togo ze besichen a puer schéi Momenter ouni grouss Suergen ze verbrengen. Dëst war genau dat wat si sech scho säit éiweg gewënscht huet. No der grénger Luucht vun hirem Dokter stung dësem Wonsch näischt méi am Wee an eis ganz Equipe war méi wéi frou hiren Deel zu dëser flotter Aventure bäizedroen.

E grousse Merci un eis zwee Partner an eis vill Matbierger déi ons mat hirem gudde Wëllen bei dësem Projet gehollef hunn.