Wantermaart

Elo kuerz virun de Feierdeeg wëlle mir Iech vun engem klenge Wonsch erzielen, dee mir an de leschten Deeg erfëllt hunn.

Zesumme mat 5 Gruppe Réfugiéskanner si mir an d’Stad op de Wantermaart gaangen wou si e puer flott Momenter erliewe konnten.

Op um Karussell, op der Äispist oder bei enger leckerer Portioun Fritten an engem gudden Dessert, si alleguer waren immens begeeschtert an hunn et richteg genoss.

Am Numm vun de Kanner an och vum Wonschstär soe mir iech villmools Merci.