Lise

Happy birthday to you, happy birthday to you,
Happy birthday to you Lise
Happy birthday to you!

Se soen jo et géing ëmmer e Grond gi fir ze feieren mee mir hate viru kuerzem e ganz besonnesche Grond. Dem Lise säin 18te Gebuertsdag stoung virun da Dier!

Duerch eng schwéier Krankheet huet d’Lise säit senger Gebuert schonn onendlech vill Operatiounen missen hannert sech bréngen. D’Rees vun engem Dokter bei deen aneren ass fir hatt och haut nach ëmmer Aktualitéit. Fir dës Suergen awer emol fir e kuerze Moment op d’Säit ze setzen hat d’Lise e grousse Wonsch. Emol eng Party ze erliewe mat Famill, Frënn a jidderengem deen hatt iwwert all déi vill Joren ënnerstëtzt huet wéi z.B sengen Dokteren.

A well mir natierlech och ëmmer fir eng flott Party ze begeeschtere sinn, hunn mir eis net zweemol biede gelooss fir dem Lise säin Owend ze organiséieren.

Mat enger passender Location, enger flotter Ambiance a gudder Musek war de Kader perfekt fir dem Lise säin Gebuertsdag esou ze feieren wéi hatt et sech ëmmer erdreemt huet!

E grousse Merci u jiddereen deen eis bei der Organisatioun eng Hand ugepaakt huet an natierlech och un all dem Lise seng Bekannten déi dozou bäigedroen hunn, dass deen Owend esou onbeschreiflech flott fir hatt war!