Ahmed

En Auto fir e bessert Liewen

Schonn a jonke Joren ass den Ahmed mat ganz schwéiere Situatioune a sengem Liewe konfrontéiert gewiescht. Am Alter vu 16 Joer huet hien zesumme mat senger Famill seng Heemecht am Irak misste verloossen an iwwer vill Ëmweeër an eisem Ländchen eng nei Heemecht fonnt.

Mat groussem Engagement ass den Ahmed säit senger Arrivée amgaangen fir sech a seng Schwëster an Elteren eng besser Zukunft opzebauen. Sou huet hie sech am Lycée Emile Metz ageschriwwen fir sech an der Informatik ausbilden ze loossen.

Fir senger Famill finanziell auszehëllefen an hir Dreem ze verwierklechen ass hien och nieft der Schoul extrem motivéiert an huet e feste Studentenjob am Restaurant Manoir Kasselslay zu Clierf ugeholl. Leider huet hien keen eegenen Auto, wat seng Situatioun a säin Niewenjob extrem erschwéiert huet. Mat der Ënnerstëtzung vu sengem Patron huet hien sech dunn un eis geriicht an eis gefrot ob mir gewëllt wieren him eng Hand un ze paken dëse Problem ze léisen.

Zesumme mat  der Carrosserie Palanca, de Frënn vum Steve an de Famillen Feidt, Muller a Friederich war et eis méiglech dem Ahmed säi Wonsch ze erfëllen an hien op sengem Wee mat engem Polo aus zweeter Hand ze ënnerstëtzten. Ab elo kann hien esou ouni weider Problemer sengem Studentenjob nogoen a sengem Patron a senger Famill ënnert d’Äerm gräifen. Mir soe jidderengem Merci deen eis bei dësem Projet ausgehollef huet.