Iwwerschwemmungen

Am Kader vun de schwéieren Iwwerschwemmungen an den enorme Schied déi ueschtert Land an Emgeijend bei ville Läit entstane sinn, hu mir och versicht eisen Deel dozou bäizedroen fir e puer Betraffener an hirer Nout ze hëllefen.

Dobäi hu mir eis spezifesch op déi 3 Famille Meyer, Weyland an Urbany konzentréiert. Mir hunn hinne gehollef d’Schied déi entstane sinn, e bëssen ze behiewen. Esou hu mir op ennerscheedlech Art a Weis gehollef a verschidde Renovatiounsaarbechten wéi z.B. e Buedzemmer, d’Elektrik an nei Trennwänn finanzéiert oder bei enger Famill d’Heizkäschten mat engem vollen Tank iwwerholl.

Hoffentlech konnte mir dës Famillen mat eiser Aktioun e bëssen op hirem laange Wee an eng besser Zunkunft ënnerstëtzen.