Lyo

E ganz besonnesche Wonsch hu mir an de leschten Deeg erfëllt. De klenge Lyo huet 8 Joer an hien ass direkt no senger Gebuert krank ginn an huet doduerch eng schwéier Behënnerung zréck behal. Seng Mam, déi hien am Alldag op Schrëtt an Trëtt begleet an hiert Bescht mëscht fir hire Bouf ze ënnerstëtzen, huet eis vun hirem Wonsch erzielt. Si hu sech gewënscht elo fir d’Chrëschtzäit dem Santa Claus säin Duerf a Lapland ze besichen.

Beim Wonschstär hunn mir eis gesot esou e flotte Wonsch dee kënne mir net einfach ausschloen a musse versichen eist Bescht ze maache fir de Lyo a seng Mamm ze ënnerstëtzen.

No villem Organiséieren hu mir et gepackt déi zwee wäit an den Norden op d’Sich nom Santa ze schécken. An et huet geklappt! Nieft engem Treffe mam Santa, wou de Lyo aus dem Stralen net méi eraus komm ass, konnte Sie ënner anerem d’Rendéiere vu ganz no inspizéieren an en Tour mat de Schlittenhënn a mam Schnéimobill fueren.

Et freet eis ze gesinn, dass de Lyo a seng Mamm e puer flott Deeg a Momenter am Schnéi konnten erliewen. Vun dohier soe mir dem Maria a Paul vun The friendly Moose (www.thefriendlymooselapland.com) Villmools Merci fir hier Hëllef bei der Organisatioun.

Och all eisen Donateuren si mir natierlech dankbar, well ouni dat geniaalt Encouragement kéinte mir keng esou flott Wënsch erfëllen.

Erzielt eis vun Ärem Wonsch an erlieft och dir esou e flotte Moment!