Wat kann e sech wënschen?
e materielle Wonsch
däin Idol treffen
en Event besichen
en Ausflug
Hellëfsmëttel
oder soss eppes
Wien kënnt a Fro?
Keng Alterslimit
Du liews haaptsächlech zu Lëtzebuerg
Du hues e Schicksalsschlag
Erfëllte Wënsch
Wheelchair Rugby 2021
No enger Zwangspaus 2020 hu sech dës Joer erem motivéiert Sportler am Rollstull zu Contern getraff fir beim Rollstullrugby Tournoi mat dobäi ze sinn. Op dëser Mini Editioun waren och Vertrieder aus Däitschland, Holland an der Schwäiz um Start an hunn iwwert zwee Deeg...
Henri
De léiwen Henri huet eis leider no enger schwéirer Kriibserkrankung an deene leschten Deeg verlooss an esou huet hien scho ganz jonk e schwéiert Schicksal erwëscht. Zesumme mat sengen Elteren konnte mir him awer nach emol eng flott Aventure schenken a mir ware mat him...
Exosquelett
Fir d’Fondation Wonschstaer war et e groussen Dag. Eise gréissten Opdrag ass et deenen Leit ze hëllefen, déi e Schicksalsschlag haten. A wien huet et méi néideg gehollef ze kréien, wéi déi Leit déi am Rehazenter sech all Dag ploen fir erëm e bëssen méi autonom ze...
Am Klouschter
Virun enger gewëssener Zäit hu mir gemeinsam mam Rotary Club vu Munnerëf e Projet am Foyer „Am Klouschter“ zu Munnerëf gestart a mir sinn iwwer glécklech dass dësen elo realiséiert konnte ginn! Bei dësem Wonsch handelt et sech em eng Demande fir e Snoezelraum. Leider...
Stemm vun der Strooss
No engem Opruf op de soziale Medien vun der Stemm vun der Strooss hu mir eis ugesprach gefillt an eis iwwerluecht wéi mir hellëfe kéinten. Si waren op der Sich no engem engagéierte Partner deen hinnen esou vill wéi méiglech Schung zur Verfügung stelle kéint.Mir als...
Carlos
De Carlos huet eis em Hellef gefrot fir sech eng speziell Renngafel fir säin speziell adaptéierte Handbike zouzeleeën. Dëst erméiglecht dem Carlos et sengen ambitiéisen Ziler nach méi schnell nozekommen a sech op deene ville Coursen géint seng Konkurrenz...
FFP2 Masken
Am Kader vum Coronavirus goufe mir em Hellef gefrot. Mir hunn eng gréisser Unzuel un FFP2 Masken un de Cent Butték vu Beggen an un d’Stëmm vun der Strooss vun Esch-sur-Alzette verschenkt. Esou hunn och déi sozial benodeelegt eng Méiglechkeet sech matt dëse Masken ze...
Famill Kluge
Säit enger Zäit si mir am Kontakt mat der Famill Kluge, enger eleng erzéihender Mamm mat 6 Kanner. De Moment gi si vun enger Assistante sociale vum Parquet général suivéiert a mir goufe vun hir wéinst enger Urgence kontaktéiert. Enges Dages ass...
Rigobert
Nodeems mir an der Vergaangenheet de Rigobert bei deem een oder anere Wonsch ënnerstëtzt hunn, huet hien eis em e neie Gefale gefrot. No engem schwéieren Autosaccident ass de Rigobert als Tetraplegiker säit elo scho bal 20 Joer un e Rollstull an op d’Hëllef vu senge...
Jugendherberg
D’Fondatioun Wonschstär huet enger Famill déi sech an enger schwiereger sozialer Situatioun befënnt virun enger Zäit e bëssen ënnert d’Äerm gegraff. Well des Famill hir Wunneng gekënnegt kritt huet a réischt an e puer Wochen an hiert neit Doheem plënnere...
Maria-Luise
D‘Madamm Kluge huet 6 Kanner an ass eleng erzéiend well hire Mann si verlooss huet. Aus dem Grond dass si als professionell Masseuse Independant schafft steet si duerch déi momentan Situatioun vum Covid-19 ouni Aarbecht do. D‘Fondatioun Wonschstär gouf vun hirer...
Lara Hippocampe
E Laache seet méi wéi dausend Wieder! D’Lara ass 14 Joer al an huet säit senger Gebuert eng mental a kierperlech Behënnerung. Trotz all deem ass hatt e ganz léif Meedche mat enger immens grousser Liewensfreed. Hatt ënnerhëlt gäre vill mat senge...
Kontakt
Wann Dir mat eis Kontakt wëllt ophuelen, da kënnt Dir eis uruffen oder hei schreiwen. Mir beäntweren Iech gär all är weider Froen. Sidd Dir eventuell interesséiert eis bei eisen Aktiounen oder Evenementer ze hëllefen, da kënnt Dir eis och einfach hei schreiwen. Mir sinn ëmmer bereet, mat anere Leit zesummen ze schaffen a freeën eis op Äre Message.
* Impressum & Dateschutz