Melvyn

De Melvyn ass virun 12 Joer mat enger Agenesie vermienne op d’Welt komm. Dëst ass eng rare Krankheet, déi eng ganz Rei schwéier Beschränkungen mat sech dréit, wéi een groussen Entwécklungsdefizit vun der Motorik. Dëse Retard ass fir de Melvyn a seng Famill am Alldag eng relativ grouss a permanent Erausfuerderung.

Mir goufe vum Melvyn senger Mam ugeschriwwen well Si sech gemeinsam mat hirem Jong e grousst Zil gesat hunn – De Melvyn soll schwamme léieren. Mir fannen dat eng formidabel Aktioun a si frou de Melvyn bei senger Missioun ënnerstëtzen ze kennen. Esou hu mir hien bei sengen éischte Schwammstonnen zu Housen an der Schwemm begleet. Hie mëscht och richteg Fortschrëtter a konnt schonn e puer Längten am Baséng hannert sech bréngen an et kommen der hoffentlech nach sou muncher dobäi.

Mir wëllen op dësem Wee profitéieren an dem Schwammmeeschter Merci soe fir déi grouss Motivatioun an Zäit déi et an Usproch hëlt dem Melvyn d’Schwamme bäizebréngen.