Plun

Mir sinn zréck vun der hollänescher Plage a wat war dat schéin.

Op Initiativ vun der Spillkëscht Sandweiler konnte mir d’Méiglechkeet notzen den Här Plun op senger klenger Rees op Noordwijk ze ënnerstëtzen a mir freeën eis, dass hien mat senger Famill eng wonnerschéin Zäit erliewe konnt.

Dem Här Plun säin Alldag ass leider immens vu senger schwéierer Krankheet a Behënnerung gepräägt an dofir ass et a sou enger Situatioun em sou méi wichteg vun Zäit zu Zäit emol e bëssen Oflenkung ze kréien an eng kleng Paus ze maachen.

Fir déi ganz Famill op dësem Ausflug beim Encadrement ze entlaaschten hu mir eis eng professionnell Hëllef gesicht. Mam Päiperléck Aides et Soins à Domicile, deen den Här Plun den ganzen Dag iwwer mat grousser Professionalitéit begleet huet, hu mir de richtege Partner fir dës Missioun fonnt. Mir genau esou wéi den Här Plun a seng Famill ware begeeschtert vun der Ënnerstëtzung, déi si iwwert déi Deeg kritt hunn a soen der ganzer Equipe e grousse Merci.

Mir wëllen bei dësen Geleeënheet der Spillkëscht Sandweiler Merci soen, déi dem Här Plun des Aventure gewënscht huet an dëst mat hirem schéinen Engagement erméiglecht huet.