Cathy

Dem Cathy säi Wonsch ass an Erfëllung gaangen.Nodeems d’Madamm Hoffmann, Englesch Prof am Bouneweger Lycée, eis kontaktéiert huet an eis e bëssen iwwert hir Schülerin erzielt huet, ware mir Feier a Flam fir ze hëllefen.

D’Cathy wunnt de Moment an engem Foyer an mëscht seng 1ère Commerce. Fir seng schoulesch Ausbildung an och op sengem weidere Wee bräicht hatt onbedéngt e Computer.

D‘Fondatioun Wonschstär ass méi wéi frou d‘Cathy ze ënnerstëtzen a wënscht him bonne Chance!

E grousse Merci u jiddereen deen eis ënnerstëtzt!