Melanie

D’Mélanie hat am Alter vun 9 Joer e ganz trageschen Autosaccident an huet esou scho jonk misse léiere mat engem schwéiere Schicksal ëmzegoen. Säit dësem Moment ass hatt als Tetraplegiker a sengem Alldag op e Rollstull ugewisen.

Em déi zwee Joer ass et hier do huet d’Mélanie eis kontaktéiert an em Hëllef gefrot. Säi grousse Wonsch war et säin eegenen Auto ze hunn a sech esou fräi an onofhängeg deplacéieren ze kënnen. Zum Zäitpunkt vu senger Demande ass hatt zu Ettelbréck an de Lycée Privé St Anne an d’Schoul gaangen, mee mëttlerweil huet et säin Ofschloss an ass an der Aarbechtswelt aktiv. An dësem Beräich ass eng gewëssen Mobilitéit natierlech méi wéi hëllefräich.

Hatt huet och schonn de Führerschäin a säi Papp huet him en Auto geschenkt, deen awer nach am Laf vum leschte Joer huet missen ëmgebaut ginn. Dëst war wéinst dem Niveau vum Mélanie senger Behënnerung e ganz käschtenintensiven Ëmbau.

Mat grousser Ënnerstëtzung war et eis méiglech dem Mélanie bei dëser Adaptatioun vu sengem Auto ënnert d’Äerm ze gräifen. Ab elo ass et him trotz senger kierperlecher Behënnerung a sengem Rollstull méiglech sech bal ouni Aschränkung am Alldag fortzebeweegen.

Gëschter war et offiziell esou wäit a mir konnte gemeinsam mam Mélanie, all eisen Donateuren e ganz grousse Merci soen, hinnen dësen Auto inklusiv all den Adaptatiounen presentéieren a mat engem klenge Pättchen ustoussen.