Armand

Den Armand huet eis kontaktéiert an eis vu sengem groussen Dram erzielt. Als Rollstullfuerer a groussen Tennisenthusiast huet hien sech gewënscht emol mat sengem groussen Idol dem Gilles Müller e bëssen Tennis ze spillen. Wéi den Zoufall et sou wollt si mir gewuer ginn, dass de Gilles Müller zesumme mat der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte an dem Grupp Back to Sport eng Portes ouvertes op der Spora organiséiert huet. Dëst mam Zil méi Rollstullfuerer fir de sougenannten Para Tennis opmierksam ze maachen an eventuell nei Sportler ze gewannen. Wéi dir gesitt war dësen Event de perfekten Zäitpunkt fir dem Armand säi Wonsch an Erfëllung goen ze loossen.

Als kleng Iwwerraschung an Erënnerung huet hien dobäi och eng Tennisrackett vu sengem grousse Virbild geschenkt kritt.

Mir wëllen nach emol e grousse Merci un all d’Organisateure vun dësem Event lass ginn a ganz besonnesch dem Gilles Muller fir seng Zäit a säin Engagement.