Am Klouschter

Virun enger gewëssener Zäit hu mir gemeinsam mam Rotary Club vu Munnerëf e Projet am Foyer „Am Klouschter“ zu Munnerëf gestart a mir sinn iwwer glécklech dass dësen elo realiséiert konnte ginn!

Bei dësem Wonsch handelt et sech em eng Demande fir e Snoezelraum. Leider huet d‘Ausféierung duerch dei ganz sanitaire Crise immens missen op sech waarde loosse mee elo ass et souwäit an de Snoezelraum kann op goen a vun all de Bewunner benotzt ginn!

Mir hoffen dass dësen Therapie Raum an Zukunft souvill wéi méigleche Persounen mat senge ville Luuchten, senger Musek a sengem Waasserbett eng Entspaanung an Hëllef ass hiren Alldag ze vereinfachen.

Dobäi geet e besonnesch grousse Merci un de Rotary Club vu Munnerëf deen eis bei dëser Missioun mat vill Gedold e geniale Partner war.