Lara Hippocampe

E Laache seet méi wéi dausend Wieder!

D’Lara ass 14 Joer al an huet säit senger Gebuert eng mental a kierperlech Behënnerung. Trotz all deem ass hatt e ganz léif Meedche mat enger immens grousser Liewensfreed. Hatt ënnerhëlt gäre vill mat senge Klassekomeroden an och gefalen him besonnesch seng Ausflich mat sengen Elteren a senger eelerer Schwëster. Mee mat engem Rollstull stéisst een dobäi leider séier u seng Grenzen! Onméiglech ass et seng Famill bei hiren Ausflich an de Bësch, op d’Plage oder aner schwiereg Plazen a Weeër ze begleeden.

En “Hippocampe Marathon Trail “ géing de Problem léisen an dem Lara a senger Famill eng grouss Freed maachen!

D’Fondatioun Wonschstär an hir Ënnerstëtzer hunn hir Bescht gemaach fir dem Lara säi Wonsch ze erfëllen. MERCI!!