Maria-Luise

D‘Madamm Kluge huet 6 Kanner an ass eleng erzéiend well hire Mann si verlooss huet. Aus dem Grond dass si als professionell Masseuse Independant schafft steet si duerch déi momentan Situatioun vum Covid-19 ouni Aarbecht do. D‘Fondatioun Wonschstär gouf vun hirer Assistante sociale vum Parquet kontaktéiert an em Ënnerstëtzung fir d‘Famill gebieden. Hir Duechter d‘Maria-Luise, 17 Joer al, brauch eng Tablett an der Schoul. Well déi finanziell Situatioun vun der Famill ganz schwiereg ass, hu mir dem Marie-Luise dëse Wonsch erfëllt a mir wëllen dofir all eisen Donateuren Merci soen.