Carlos

De Carlos huet eis em Hellef gefrot fir sech eng speziell Renngafel fir säin speziell adaptéierte Handbike zouzeleeën.

Dëst erméiglecht dem Carlos et sengen ambitiéisen Ziler nach méi schnell nozekommen a sech op deene ville Coursen géint seng Konkurrenz duerchzesetzen. Mir wënschen dem Carlos weiderhin vill Kraft a bonne chance bei all senge ville sportlechen Challengen. Go Carlos🥇🏆

Dobai wëlle mir sou wéi och de Carlos natirlech net eis vill Donateuren vergiessen an hinnen villmools Merci fir déi grandios Ennerstëtzung soen.