Exosquelett

Fir d’Fondation Wonschstaer war et e groussen Dag. Eise gréissten Opdrag ass et deenen Leit ze hëllefen, déi e Schicksalsschlag haten. A wien huet et méi néideg gehollef ze kréien, wéi déi Leit déi am Rehazenter sech all Dag ploen fir erëm e bëssen méi autonom ze ginn, fir e puer Schrëtt kënnen ze goen, fir erëm ze léieren ee Fouss virun deenaneren ze setzen. Den Exoskelett ass e sou ee Mëttel fir dëse Leit ze hëllefen. En ënnerstëtzt se, hëlleft hinnen opzestoen, sech ze beweegen an mat Suivi vu geschoulten Kinéen, lues a lues erëm ze léieren wéi ee sech koordinéiert beweegt. Dat ass net evident.

Dofir ass d’Fondatioun Wonschstär houfreg, dem Rehazenter dësen Exosquelette ze iwwerreechen, an der Hoffnung dass fill Leit mat verschidden Pathologien dovun kënnen profitéieren an do duerch eng verbessert Liewensqualitéit erreechen.

Als Fondatioun si mir ofhängeg vun Don’en vun private Leit a Societéiten. An dee konsequente Budget fir den Exoskelett (170.000,-€) ass nëmmen méiglech ginn duerch d’Grooszügegkeet vun ganz ville Leit. Mir sinn dankbar, dass si ons hiert Vertrauen ginn hunn, am Gedanken dass mir mat hiren Don’en eng grouss Saach kéinten ob Been stellen.

Ech wëll awer och un all di kleng a gréisser Aktiounen erënneren déi d’Fondatioun iwwert all déi lescht Joren ënnerholl huet an och an den nächsten Joren wäert ënnerhuelen. Mir si fir jiddereen zougänglech dee sech fir ons Aktivitéiten interesséiert a mir wären frou och an Zukunft d’Ënnerstëtzung vun Iech, Äre Bekannten an Societéiten ze kréien.

Mir soen Iech villmools MERCI.

Hei e klenge Reportage vum RTL iwwert den Exosquelett

www.rtl.lu/lifestyle/tech-world/a/1728341.html