Rigobert

Nodeems mir an der Vergaangenheet de Rigobert bei deem een oder anere Wonsch ënnerstëtzt hunn, huet hien eis em e neie Gefale gefrot.

No engem schwéieren Autosaccident ass de Rigobert als Tetraplegiker säit elo scho bal 20 Joer un e Rollstull an op d’Hëllef vu senge Matmënschen am Alldag ugewisen.

Hien ass zu Duelem am Foyer Cerisaie Doheem an huet sech gewënscht mat engem eegenen Auto e bësse méi Mobilitéit a Fräiheet zréckzegewannen. Well esou en Auto am Rigobert sengem Fall awer eng grouss a käschtenintensiv Adaptatioun verlaangt huet hien eis em Ënnerstëtzung gefrot.

Zesumme mat der Assurance Dependance an der Associatioun Wäertvollt Liewen hu mir dem Rigobert säi Wonsch erfëllt. Elo ass hien an Zukunft vill manner ageschränkt a kann zesumme mat Famill a Frënn vu sengem neien Auto a senger nei gewonnener Onofhängegkeet profitéieren.

Mir si frou dem Rigobert gehollef ze hunn a soen eise villen Donateure villmools Merci.