Am Kader vum Coronavirus goufe mir em Hellef gefrot. Mir hunn eng gréisser Unzuel un FFP2 Masken un de Cent Butték vu Beggen an un d’Stëmm vun der Strooss vun Esch-sur-Alzette verschenkt. Esou hunn och déi sozial benodeelegt eng Méiglechkeet sech matt dëse Masken ze schützen. Mir si frou och eisen Deel zu der Bekämpfung vum Covid-19 bäizedroen a soe jidderengem villmools Merci fir déi grouss Ennerstëtzung.