D’Bronka ass e klengt Meedche bei deem virun enger Zeitchen eng Form vun Autismus diagnostizéiert gouf.
Nodeems seng Elteren vill verschidden Aktivitéite a Sportarte ausprobéiert hunn, awer d’Bronka sech néirens sou richteg wuelgefillt huet an ukomm ass, hu si et mol beim Leederwon probéiert.
Do ass et och wou mir d’Bronka kenne geléiert hunn a konnte gesinn wéi hatt des Therapie ugeholl huet an him déi Zäit mam Päerd ganz vill Freed gemaach huet. Doropshin hu mir eis mam Bronka sengen Elteren a Kontakt gesat an hinnen matgedeelt, dass mir d’Käschte vun de Stonne beim Leederwon integral iwwerhuelen.
Mir soen Iech alleguer Merci fir déi grouss Ënnerstëtzung mat där mir esou schéi Projeten realiséiere kënnen.