Kannerduerf Snoezelraum

Nodeems mir beim SOS Kannerduerf op Besuch waren an eis Fondatioun an hir Ziler virgestallt hunn, huet eis eng Demande vun hinnen erreecht. D’SOS Kannerduerf ass eng sozial Ariichtung déi sech em Kanner mat schwéiere Familljeverhältnisser këmmert.

Och fir déi ganz jonk Bewunner vun hirem Duerf hu si eis em Hëllef gefrot. Well des Kanner leider schonn oft ganz traumatesch Erliefnisser hannert sech hunn an oft am Alldag schnell un hir mental Belaaschtungsgrenz kommen, hu si eis gefrot ob mir hinnen an engem vun hiren Gebaier e Snoezelraum ariichte kënnen. Well eis de Kanner hir Schicksal immens no gaangen ass, konnte mir natierlech net nee soen, sou hu mir eis op de Wee gemaach an déi néideg Kontakter opgeholl fir dëse Wonsch ze erfëllen.

De Snoezelraum ass e Raum dee ganz adaptéiert ass fir eng Relaxatiounstherapie genannt „Snoezelen“. Des Therapie huet seng Wuerzelen an Holland a gëtt a ganz ville Situatioune wei z.B posttraumateschem Stress, emotionale Problemer, Konzentratiounsstéierungen, Motivatiounsproblemer asw. ugewannt. De Raum versicht op kreativer an entspanender Aart a Weis entgéint ze wierken an déi betraffe Persoun ze relaxéieren.

Mir hunn am Snoezelraum vum Kannerduerf fir déi néideg Ariichtung gesuergt. Sou huet de Raum mat z.B engem Waasserbett, Musek, Luuchten a villes méi, déi néideg Atmosphäre an alles wat d‘Bewunner brauche fir sech ze entspanen.