Célia

Célia ass e klengt Meedchen mat enger schwéierer Krankheet, déi leider schnell virun geet.

 Mir hunn dem Célia a sengen Elteren ënner anerem gehollef hiren Alldag mat engem Gravity Chair ze erliichteren. Dësen speziellen Stull erlaabt dem Célia an enger komfortabeler Positioun ze sëtzen, sou dass seng Elteren dat Klengt net de ganzen Dag um Aarm droen mussen.

Domat net genuch hu mir dem Célia a senger Famill e Weekend am Disneyland zu Paräis offréiert. Sou hat ganz Famill eng kleng Ofwiesslung a konnt e flotten Ausfluch bei der Mickey a Mini Mouse genéissen.