Schong fir de Kleeschen

Nodeems mir zoufälleg op Facebook op e Wonsch vun enger ganzer Rei Foyeren gestouss sinn, hu mir eis geduecht do musse mir eppes ënnerhuelen.

D‘Foyeren Novavia, Noémie, Vivo A an B, Lannejang, Esch, Weyer an Ermesinde hunn de Moment eng ganz Rei Bewunner déi och duerch de Wanter dee virun der Dier steet onbedéngt e Puer nei Schong brauchen.

Esou hu mir un den néidege Schrauwe gedréit fir de Kanner fir de Kleeschen ganz nei Schong ze schenken.

Des Aktioun hätte mir nimools kënne starten ouni d‘Hellef vun eisem staarke Partner der hollännescher Firma „Theo Henkelman & schoenen“. Si huet de Foyeren oder besser gesot de Kanner mat grandiosen 55 Puer nei Schong geschenkt.

E ganz grousse Merci un „Theo Henkelman & schoenen“