Carlos

De Wonschstär mëscht och vill fir de Sport am Rollstull ze förderen, well och an där Situatioun ass et wichteg weider aktiv ze bleiwen.

De Carlos, dee mir schonn an der Vergangenheet ënnerstëtzt hunn, huet eis kontaktéiert fir him dobäi ze hëllefen säin neien Handbike ze finanzéieren.

Mat sengem Enthusiasmus a sengen exzellente Resultater (2. Plaz am ParaPanne Belgique an der 2. Plaz am portugiesesche Championnat) ass hien e Virbild an huet jidderengem gewiese wat hien kann.

Nodeems hien den Haaptdeel vun der Zomm zesumme kritt huet, hu mir eis entschloss him de feelenden Deel beizeleeën.

Mir soe jidderengem e grousse Merci deen dem Carlos dëse Wonsch erfëllt huet.