Raymond

Wärend eiser Ouschteraktioun am Blannenheem hu mir den Här Raymond W. kennegeléiert. De Raymond ass e ganz soziale Mënsch deen immens gäre mat senge Matbewunner potert, mee leider ganz seelen Besuch kritt.

Onglécklecherweis ass säin Hörapparat, dee vun der CNS bezuelt gouf, limitéiert a kann net méi op seng spezifesch Besoinen adaptéiert ginn. Aus dësem Grond hu mir d’Initiativ ergraff an him en neien Hörapparat, deen vun der Firma Optiphone op der Plaz ajustéiert gouf, offréiert. 

Elo versteet hien endlech erëm wann d’Leit mat him schwätzen an hien kann sech un Gespréicher bedeelegen. Och fir de Fernsee ze kucken gouf säin neien Apparat speziell personnaliséiert.

Mir wënschen dem Raymond vill Freed a ganz flott an interessant Gespréicher am Altersheem an dat hien do erëm méi um soziale Liewen kann deelhuelen.

E grousse Merci un all eis Donateursen, déi dëse Wonsch mat hirer Ënnerstëtzung erméiglecht hunn.