Rafael Disney

Am Laf vun de ville Joren wou et de Wonschstär elo scho gëtt huet eis d’Schicksal vum klenge Rafael immens beréiert. Hien ass e puer Joer no senger Gebuert un enger extrem seelener genetescher Krankheet, déi sech Progeria nennt, erkrankt. Dës Krankheet léisst säi Kierper immens schnell alteren a reduzéiert seng Liewenserwaardung drastesch. 

No enger Ufro vu senger Mamm virun e puer Wochen hu mir de Rafael gemeinsam mat sengen Elteren a senge Geschwëster fir e puer Deeg an den Disneyland geschéckt. Do konnt hie sech, tëschent Minnie Mouse, Mickey Mouse an de ganz ville flotten Attraktiounen, e bësse vu sengem net ëmmer einfachen Alldag erhuelen a seng Krankheet vergiessen.

Mir si frou dass dei ganz Famill sech esou gutt am Disneyland zu Paräis ameséiere konnt a soe gemeinsam mat hinne jidderengem Merci deen eis gehollef huet dëse Wonsch ze erfëllen.